Fräizäitaktivitéiten (A1) a Moiesroutine (A2)
Poterkëscht vum INLL - A podcast by Poterkëscht
Categories:
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer hir Hobbye schwätzen. Duerno héiere mir, wéi zwou Persounen hir Moiesroutine beschreiwen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-TranskriptIwwer Fräizäitaktivitéite schwätzen (A1) B: Myriam, wat méchs du gär an denger Fräizäit? M: Ech liese gär Bicher. Liese mécht mir Spaass. An du, Ben, wat méchs du gär an denger Fräizäit? B: Ech spille gär Fussball. Dat ass flott! Ech liese guer net gär. M: Schued! An du, Liz, wat ass däin Hobby? L: Mäin Hobby ass molen. Mee ech liesen och gär! M: Cool! Wat ass däi Liblingsbuch? L: Hmm… Ech sinn e groussen Harry-Potter-Fan. M: A, du lies gär Fantasy-Bicher ! L: Jo, dat ass richteg. B: Harry Potter fannen ech och flott. Ech kucken d’Filmer gär mat menger Frëndin. Hatt ass och e Fan vun der Serie. L: Ben, spills du just Fussball, oder kucks du och Fussball? B: Natierlech kucken ech och gär Fussball! Meng Liblingsekipp ass den FC Barcelona. Ech kucken all Match op der Tëlee. M: Hues du e Liblingsspiller? B: Jo, de Pedri. Hien ass jonk a spillt ganz gutt. L: Cool! Moiesroutine (A2) T: Hallo Lea! Du bass awer erëm fréi um Büro. L: Moien Theo! Jo, ech sinn all Dag fréi hei. Ech stinn schonn um 6 Auer moies op. T: Seriö? Ech erwäche meeschtens eréischt um hallwer aacht. Da maachen ech fir d’éischt emol dräi Mol de Wecker aus… L: Haha, dat kennen ech nach vu fréier. Mee elo muss ech mech all Dag tommelen. Ech erwäche meng Kanner, doe se un – dat dauert ëmmer laang. T: O jo, dat kléngt stresseg. L: Dat ass et och! Duerno duschen ech mech séier, ech decken den Dësch, maachen de Kaffi fir jiddereen an ech preparéieren e Snack fir meng Kanner fir mat an d’Schoul. Duerno geet mäi Mann mat de Kanner op de Bus. T: Ech si frou, datt ech just u mech denke muss. Ech stinn op, maachen d’Kaffismaschinn un, an da scrollen ech e bëssen um Handy. Duerno doen ech mech un, wäsche mech a raséiere mech. Ech drénke bal ni Kaffi doheem. L: Ech muss moies doheem eppes iessen, soss iessen ech duerno um Büro ze vill Schockela! T: Heiansdo huelen ech eng Schmier mat, mee meeschtens kafen ech e Croissant oder eng Schockelasrull beim Bäcker. L: A wéi kënns du op de Büro? T: Normalerweis fueren ech mam Bus. Ech lauschteren ënnerwee e Podcast oder ech liesen e Buch. An du? L: Ech fueren ëmmer mam Auto. No der Aarbecht kann ech meng Kanner direkt an d’Schoul siche goen. Mee heiansdo brauch ech laang, wa vill Verkéier op der Autobunn ass. T: Jo, dat kennen ech. De Bus steet och oft an der Stad am Stau. O, et ass scho bal néng Auer! Meng Reunioun fänkt gläich un! L: Vill Spaass! Bis herno an der Kantin!
